Soirée CBDM 2018

https://sites.google.com/a/cbdm.lu/cbdm-scouten-a-guiden/home/soiree-cbdm-2018b/2018-01-20%2010.54.11.jpg?attredirects=0
https://www.dropbox.com/sh/kw1b9feu3go15y2/AACC7Up6kC2Mn3HUXmDwl0j-a?dl=0
https://www.dropbox.com/sh/2qll3p308hhdr5m/AACF8TDvE-VsIGGo5vYl3_gGa?dl=0
https://www.dropbox.com/sh/x7392jpt8ddrrjn/AAA5HE-9XtXUZ0Af8P2_dKDPa?dl=0

Samschdes, den 20. Januar 2018

Am Centre Culturel zu Hollerech

Um Programm:

Un der Atert

eng Trage-Komedie an 3 Akten, inspiréiert vum Lidd vum Jean-Pierre Welter,

geschriwwen vum Guilhem Turk

E Scoutsgroup ass am gaangen um Bauer Péitsche Lauer senger Wiss ze campéieren, wei se matkréien, dass deen a finanzielle Schwieregkeete stécht an hien saïn Haff a Lännereien muss verkafen.

Den Entrepreneur Pierre Beton ass ganz interesséiert un dëser Immobilie an huet och seng Idee wat hien domadder wëllt maachen, wann et da bis seng ass.

Hien well schnell lass fueren, an dofir géifen d'Scouten da stënterlech vun hirer Campplatz verdriwwen ginn.

Dass dëst natierlech net esou einfach geet wéi hie mengt - och well dem Bauer Péitsche Lauer seng Duechter Josephine sech ganz gudd mam Pitti aus de Scouten versteet - brauch ee wuel net ze erwänen.

Ganz spannend gëtt et wéi d'Scouten ob eng....

Mais kommt selwer kucken a lauschteren!

an och d’Optrëtter vun eise Beaver, Wëllefcher a Scouten/Guiden

18h00-Apéro, 19h00-Iessen, 20h30-Theater

Um Menu: Couscous Royal (Merguez, poulet, agneau, bœuf, pois chiche, fenouil, aubergines, courgettes, poivrons, céleri, semoule, raisin sec, oignons)

Äert Mat–dobäi–sinn kascht:

Fir déi Erwuessen: Fir extern Jugendlecher (14-18 Joer):

34€ Iessen a Spektakel 26€ Iessen a Spektakel

10€ Spektakel 5€ Spektakel

Fir Scouten a Guiden an Uniform an d’ Kanner ënner 14 Joer:

23€ Iessen a Spektakel

5€ Spektakel

Eis aktiv Memberen brauchen just hiert Iessen ze bezuelen:

18€ fir Kanner bis 14 Joer

24€ fir déi aner

Mellt Iech w.e.gl. bis den 12. Januar op info@cbdm.lu un (oder iwwerweist mat Zäit är Suen).

Äert Mat-dobäi-sinn iwwerweist der am Beschten op den Konto vun den CBDM: BGLL BNP Paribas IBAN LU85 0030 7513 8961 0000