La Fédération

La FNEL - mouvement laïque du scoutisme


La FNEL est un mouvement ouvert aux filles et garçons sans distinction de race, de classe, de conviction philosophique ou religieuse.

La FNEL enseigne les valeurs morales et éthiques sur la base du libre penser et de la tolérence réciproque.


D'Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL, ass déi laizisteschScoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg. D'FNEL gouf 1916 vum Joseph Tockert gegrënnt.

Geschicht


1966
 : D'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg hëlt och Meedercher an hir Beweegung op.

1916 : Eenzel Scoutsgruppen setze sech zesummen a grënnen de 16. Juli d'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg.

1976 : D'Federatioun gëtt sech hiren neien Numm Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.

2008 : De fréiere Logo mat den heednesche Symboler (deemools en Zeeche géint déi chrëschtlech Scoute vun deLëtzebuerger Guiden a Scouten) gëtt duerch en neien, neutrale Logo ersat an nei, gro Hiemer ginn agefouert.

Ziler an Aktivitéiten

"But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people.
Try and leave this world a little better than you found it ...[1]
"

Robert Baden-Powell

D'FNEL wëllt dozou bäidroen datt jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen, fir datt si sech zu selbstänneg, responsabel an engagéiert Bierger entwéckelen. D'FNEL bitt de verschiddenen Altersgruppen ugepasste Programmer un, déi sech haaptsächlech a klengen Equippen an der Natur ofspillen. D'Motto vun der FNEL ass: "Trei zum Land". D'FNEL ass fir jiddereen op.

D'Aktivitéite vun der FNEL baséieren op Wäerter a Methoden vum Scoutissem:

  • Frëndschaft
  • Solidaritéit
  • Toleranz
  • Demokratie
  • Spill a Spaass
  • Learning by doing
  • Benevolat

Dozou gehéiere geméiss den Iddie vum Baden-Powell och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz[2]:

De Scout engagéiert sech fräiwëlleg fir d'Wäerter an d'Ziler vum Scoutissem.