| 1984 | hun déi Gréng Scouten am Kader vun der 'Année Internationale de la Jeunesse' déi éischt Beavercolonie héi zu Letzebuerg gegrennt. |
| 1988/89 | d'Kiewerlecken zéien no. |
| 1989/90 | éischten Beaver Fun Day 'Gréng-Kiewerlecken' zu Heeschdref. |
| 1990/91 | zwéten Beaver Fun Day 'Gréng-Kiewerlecken' zu Rippeg. d'Peaux-Rouges grennen och eng Beavercolonie. |
| 1991/92 | 3 ten Beaver Fun Day um Neiheischen. |
| 1992/93 | 4 ten Beaver Fun Day zu Dikkerech. |
| 1993/94 | Zouwuess : Fola an Kanneschen; 5 ten Fun Day an der Péitrus. |
| 1994/95 | d'CB/DM, d'HOGA an d'DACHSEN maachen och eng Beavercolonie op an de 6 ten Beaver Fun Day as zu Esch an der Waldschoul mat 150 klengen a groussen Beaver |
| 1995/96 | d'Beaverbranche get offiziel an d'Statuten opgeholl. D'Well Sai grennen och eng Beavercolonie. De Beaver Fun Day as zu Housen am Weldpark mat 180 klengen a groussen Beaver. |
| 1996/97 | Beaver Fun Day um Misârshaff ennert dem Thema « Den Beaver denkt un d'Natur » . D'Loutres machen och eng Colonie op. |
| 1997/98 | Fun Day zu Greiveldeng op der Musel « Op der Sich nom Bibu sengen Schong ». Eng Forinatiounséquipe suergt dofir dat d'Assistants Chef de Colonie hir Formatioun kennen maachen. |
| 1998/99 | Neie Branchebadge an Beaverknued fir de Foulard. D'Mamer Wiselen machen eng Colonie op. Beaverformatioun léeft ganz héi zu Letzebuerg d.h. Formatioun fir ACC an CC. Beaver Fun Day zu Uewermarteleng an de Leekollen; 190 grouss a kleng Beaver waren do. |
| 1999/2000 | Beaver Funday zu Lasauvage beim Train 1900 |
| 2000/2001 | De Beaver Funday leeft ënnert dem Thema Märecher ze Bourglënster |
| 2001/2002 | Grouss Olympiad um Geessekneppchen |
| 2002/2003 | De Beaver Funday get ze Diddeleng oofgehalen ënnert dem Thema Baueren |
| 2003/2004 | Fier de Beaver Funday hun Beaver hiert Zirkuszelt ze Colmar-Bierg opgeschloen |
| 2004/2005 | Beaver Funday um Misärshaff |
| 2005/2006 | Beaver am Weltall: De Funday war ze Miersch |
| 2006/2007 | Dëst Joer huet de Bambësch sech an en Zauberbësch verwandelt fier de Funday |
| 2007/2008 | D'ganz Welt war ze Woltz op Besuch: Beaver hun op hierem Funday eng Weltrees gemat |
| 2008/2009 | De Kapitän Kaliko Jack huet d'Beaver - Piraten an de Staater Park invitéiert |
| 2009/2010 | Beaverbranche feiert hier 25 Geburtsdag |