Explorer

Explorer 15-18 ans

Adresse courrier:

FNEL- Explorer

BP 2676

L-1026 Luxembourg

Equipe

Commissaire aux Explorer: Guy SCHUBERT

Commisaire aux Explorer adj: Joël FISCHER (Tameng)

RAP: Paul FAY (Tahr)

Entreprise

Onsen Haptrichtungspunkt fir d’Organisatioun vun den Aktivéieten leit an der „Entreprise":

d’Aktivitéiten ginn zesummen an der Unitéit organiséiert; vum Iddeen sichen, iwert Plangen an Organiseierem bis bei d’Duerchfeiereung.

Jidfereen aus der Unitéit ass zoustänneg fir eng gewessen Aarbecht (Secrétariat, Finanzen, Transport, Verpflegung, Material, Iwernuechtung, Public Relations, Respo fir dei verschidden Programmpunkten, asw.)

Anhand vum engem Planing get festgeluegt weini wât soll organiséiert ginn. Wann d’Unitéit sech dann erem trefft, get den aktuellen Stand vun der Organisatioun duerchdiskutéiert.

Demo wât fir eng Gréissenuerdnung eng Aktivitéit huet schwätzen mer vun enger Entreprise à long therme (zb Camp, Theater) oder Entreporuise à court therme (Sortie, Visite)

Anhand vun Payjobs (Käschteverkaaf, Rallyorganisatioun, Venten, Schnéi raumen, asw) kann d’Finanzement vun der Aktivitéit organiséiert ginn.

No der Aktivitéit get dann e Bilan gezunn iwert die duerchgefouerten Entreprise

Unité Pilote: Kritèren

All Unitéit déi d'Unité Pilote maache wëll, muss dem Explorerkommissariat déi ausgefëllt Souche an eng Lëscht vun den Explorer a Responsabel bis den 1. November 2011 eraschécken . All weider Informatiounen hannert dem login ënnert Conseil technique Explorer.

Opbau

An de Gruppen sinn d’Explorer an „Unitéiten" opgedeelt an d’Bezeechnung „Chef" ass duerch „Responsablen" ersât ginn, well an deem Alter d’Aktivitéieten sollen zesummen décideiert, organiséiert an duerchgefouert ginn.

All Member aus der Unitéit krit eng bestëmmten Fonktioun :

  • Secrétariat,
  • Keeseverwalter,
  • Materilasrespo,
  • Reporter,
  • asw.

D’Coordinatioun vun dem Ganzen, huet den Responsable Unité Explorer (RUE). Hien ass och zoustänneg fir d’Relatioun zu deene ânere Branchecheffen, dem Gruppechef, sou wéi zum Explorercommissariat.

Gehollef krit hien vun engem Assistant Responsable Unité Explorer (ARUE).

Historique

Gegrënnt gouf d’Explorerbranche 1979 fir de Jonken tëscht 15 an 18 Joer e mei adequate Programm z’offréieren.

Wôren ôch am Ufank eng ganz Reih Leit nêt esou begéschtert vun deser neier Branche, konnt si sech awer behaapten an stét haut op stabile Feiss an souwuehl an de Gruppen wéi och op Federalsaktivitéiten paacken si mat un, wou Nout um Mann ass (Hellef fir déi aâner Branchen, schaffen un den Homer, asw).

Niewt der Nuetssortie (haut Raid de Nuit), Theater, Sportsdég, Animatiouns an Kachweekender, Hëllefsaktiounen (zb Botzaktioun zu Reimech no der Iwerschwemmung, sou wéi Hellefsaktioun am Nepal) goufen awer och eng Reih Explorerfederalsaktivéiten am Ausland organiséiert:

  • 1980 Camp zu Wakkerzeel bei Louvain
  • 1981 Trecking an den Vosgesen
  • 1990 Schicamp
  • 1991 Velostour an der Belge
  • 1992 Schicamp
  • 1994 Explorerjamboree an Grönland
  • 1995 Ségelcamp an Holland
  • 1997 Visite vum Konzentratiounslager Struthof
  • 1998 W-e touristique zu Paréis
  • 1999 Trecking an den Alpen
  • 2005 Summercamp Cap Vert

Selbstverständlech ass d’Explorerbranche op sämtlechen Federalscampen derbei.

Gesetz / Charte

Am Plaatz vun dem tradionelle Verspriechen hun eng Reih Unitéiten eng Charte agefouert, déi si zesummen ausgesicht hun an wou d’ganz Unitéit hannendru stét, hei e Beispill.

Dest as e Beispill wéi eng Charte kann ausgesinn:

Mir wellen:

  • Sou oft wéi meiglech un Aktivitéiten deelhuelen, alI Aktivitéit zesummen an der Unitéit plangen,
  • wat mir eemol ugefangen hun och durchzéien, eis Akivitéiten am Scoutsgeescht sennvoll gestallten.
  • Eisen Home net zum Schwäinstall verkommen loosen,
  • während der Versammlung an eiser Bud net ze fëmmen an netze drenken,
  • no all Aktivitéit zesummen d`Material erem araumen,
  • d`Natur déi mir op eisem Wee begéinen properhalen
  • Een deen aneren esou respectéieren wei en as, an un eis selwer schaffen,
  • wann e schafft, schaffe mir all, wann e laacht, laache mir all a wann e kräischt ... probéieren mir en ze tréischten.
  • Mir sin ewéi eng Ketten, halen zesummen a sinn nemmen esou gudd wei deen schwachsten ennert eis.

Dest wellen mir probeieren:

(Ennerschreften vun der Unitéit)