Répétitions guides/scouts/explorers pour notre fête: semaine du 20-25/1/2014

Post date: 19.01.2014 19:08:15

Gudden Metten léif Scouten/Guiden/Elteren,

wei dier wesst ass nächsten Samsten ons Fête, an fier dass des net an den Sand geet, muss nach fleisseg geprouwt gin. An zwar hun mier beschloss nächst Woch 3 Prouwen ze man, dei wieren:

-Doneschdes um 18h am Centre Culturel

-Freides um 18h am Centre Culturel

-Samsdes um 16h am Centre Culturel

Des Prouwen sin IMMENZ WICHTEG, an dofier muss och all Scout den matmecht op deenen 3 Prouwen do sin!!

Dann geif ech d'Scouten bieden, dass se Samsdes no der Prouw am Centre Culturel bleiwen, fier mat ze hellefen nach opzeriichten.

Daat lo mol zur Fête, dann kennt nach derbei dass der Ierch onbedengt musst unmellen fier den Together 2014, mat der Brochure dei dier Heem gescheckt kruut, dei dier dann ausfellt an zereck an d'Scoutshome scheckt. Den Unmeldeschluss ass net mei all ze laang, dofier vergiesst et net.

Wann dier iergendwelleg Froen dozou hudd, zeckt net eng E-mail ze schecken oder mech per Telephon ze kontakteieren (621 351 494)

Dann juste pour info, mier werten wahrscheinleg en Pengschtcamp organiseieren, dofier haalt Ierch dei Vakanz frei!!

Ech wenschen Ierch nach en schéinen Weekend an dann hoffentleg bis nächst Woch op der Fête,

Lénks Patt

Ted Ury

Č