Ponte Falmenta (CHIEDUNO) SUMMERCAMP 2017
Photoen vum Camp fannt Der hei.
Film vum Camp fannt Der hei.
Léif Scouten, Guiden an Explorer,
J !!Gläich ass et esou weit!! J
Mir wieren frou, wann dir diesen Bréif opmierksam géift duechliesen, fir dass dir
iwwert alles bescheed wesst an keng onneidech Zweifel opkommen.
Fir d’alleréischt ass et elo un der Zäit, fir den leschten Virement ze maachen.
Bis den 2. Juli muss all Participant eng Somme vun 550€ zousätzlech zum eischten
Accompte, op den Compte:
BGLL BNP Paribas, IBAN LU85 0030 7513 8961 0000
Mentioun: “[Numm vum Kand] dernier virement summercamp”
Vir dei puer Leit dei dat nach net gemach hun:
Dann soll och jiddereen bis den 2. Juli all déi wichteg Pabeieren (fiche médicale,
autorisation parentale, Copie vun der carte de vaccination an Copie vun der carte
d’identité) anschécken : Ted Ury 22, rue Edmond Dune L-1409, Luxembourg
Mir wellen iech och drun erenneren, dass jiddereen sein groussen Rucksack
Samstes den 15. Juli 2017 zwechend 16:00 – 18:00 Auer muss an eisen Home zu
Märel brengen!
Offiziellen Départ:
Sonndes den 16. Juli 2017 um 23:00 Auer virun eisem Home zu Märel.
Mee all Mensch muss schon spéitstens um 19:30 Auer présent sin, fir dass mer
zesummen kennen den Bus anraumen, an och keen zespéit kennt.
!!WICHTEG!!: jiddereen muss seng carte d’identite um depart ofginn
Retour
An der Nuecht vun Meindes op Densdes den 1. August 2017 op der selweschter
Plaatz.
Mir schlofen dann am Home an sou kennt dir d’Kanner Moies um 9h00 sich
kommen.
Hei drenner fannt dir eng kleng Hellefslescht fir den Rucksack ze paacken.
lénks Patt, aer Cheffenequipe ☺
Waat mussen mir alles anpaacken:
Schloofsaack
Carrymatt
Gamelle (komplett, mat Numm, am beschten an engem Gamelleskuerf)
mindestens 3 Kichendicher gefelltenen Bidon (1L)
!!! Picnic vie am Bus !!!
Biergschong (Ersatzstréckelen)
deck Stremp
Schaffhänschen
Biodégradabel Seef an Shampooing
Biodégradabelen Rei in der Tube
Wäschsaachen (Plagenduch)
Maillot / Schwammbox
Sonnencrème (min 30)
Sonnenbrëll
Sonnenhut / Kap
Antimousticken-spray
Täscheluucht (mat rechange Batterien)
Täschenmesser
Kleeder fir warmt Wieder (15 Deeg)
Waasserschung
Ennerwäsch
Pyjama
Tiptop Uniform mat Foulard
Gruppen Pullover
K-Way + Box
Scoutsbichelchen
Bic a Block
Kompass
200€ Täschengeld
Wasserpistoul
Hei nach mei Photoen vun der Geigend!
Hei ennendrenner och d'Brochure vun der Campplaatz an d'Fiche médicale.
Hei ass och nach eng Lescht vun Kontaktpersounen bei Froen während oder virum Camp. Dir kennt eis zu all Zeit op desen Nummeren ereeschen.
Wellef: Melinda Soultanova +352 621 504 650
Scouten: Mathieu Kayser +352 621 547 400
Explorer: Jérôme Schneider +352 621 471 345
Chef de Camp: Ted Ury +352 621 351 494