Mam Zuch zu Miersch unkomm, hun mir eis direkt mat Saak an Paak op den Wee gemaach fir bei den Home vun den Loutres. Wei mir ons dunn bis am Home installeiert haaten an onse Picnic giess hun, ass et eraus op d Wiss gangen, wou mir all zesummen mat Wellef, Scouten an Cheffen Spiller gemaach hun. Herno sin dei mi aal Scouten mat hire Cheffen den Trajet fir deenen neien Scouten hir Montee oofangen, während d'Biever een nom aaneren schon hir Wellefchersmontée gemaach hun. Wou mir dunn erem all zesummen am Home woren, war et och schon rem baal Zait fir z iessen. D Campingsnuddelen hun ons gestäerkt fir owes nach eng flott Veillée mat den Wellef ze man, wou mir zesummen gesongen hun. Mei speit am Owend hun dunn d Scouten hir Montée gemaach, wat fir verschiddener schon eng kleng Herausfuederung war. Deen Dag drop waren mir all frouh, dass jidfereen et gudd iwerstaanen haat an dass sie sech alleguerten gudd doduerch geschlo hun. Moies hun mir ons dunn un eis Chargen gemaach fir den Home ze botzen an nom Gegrills an Marshmellows um Feier ass et och schons rem Heem gangen. Florence Keipes & Pauline Kremer
|