Bastel sessioun 9/11/2013

Post date: 06.11.2013 16:16:32

Gudden Metten léif Beaver,

Desen Samsten, 09/11/13 stinn verschidde flott Saachen um Programm fier d’Versammlung:

Wéi dier ierch erennen kennt, hunn mier ierch virun der Vakanz an néien Sizainen angedeelt, an

do hunn mier eis gefroot, wéi mier déi 4 Gruppen personaliséiren kennen.

Ab en Samsten wärten also net nemmen déi traditionnel Kreecher d’Sizainen vuneneen ennerscheeden, mee och eng ganz Retsch aaner Detailer wéi zum Beispill Plakaater vun all eenzel Sizaine déi am Home kennen oppgehaangen ginn, eng eegen Fullaach-Personnalisatioun fier dass jiderengem sein Fullaach eezegarteg ausgesinn kann...

En Samsten vun 2-4 auer gett also gebastelt! Mier bieden ierch dofier aer super Kreativitéit matzebrengen an aert Bastel-Material (Faarwen (och Waasserfaarwen wann méiglech, Pritt/UHU, Schéier asw.)

Mier freen eis ierch eremzegesinn!

Aer Cheffen