Répétitions beavers/louveteaux soirée soutsfête semaine du 20-25/1/2014

Post date: 20.01.2014 07:41:16

Léif Beaver, Wëllef an Elteren,

Fier déi di beim Danz matmaachen:

An 6 Deech ass et sou weit: d'Scoutsfête 2014

An fier eisen Inviteen eng super Show fierzestellen hunn mier nach zwou Prouwen festgeluecht:

Freides 24/1/2014: 17h00 - 18h00 am Centre Culturel zu Hollerech, 34, rue Emile Lavandier, L-1924 Luxembourg

Samstes 25/1/2014: 10h30 - 12h00 am Centre Culturel zu Hollerech, 34, rue Emile Lavandier, L-1924 Luxembourg

Wéi gesoot, et sinn eis zwou lescht Prouwen fierum Opptrett an do ass et natierlech immens wichteg dass dier all dobai sidd. Mier brengen iech och aer gréng Kleeder mat déi nach am Home sinn an aer Masken.

Un alleguer d'Wellef (Beaver leider net):

Wéi dier schon vielleicht matkruut, fennt am Juli den together2014 um Kierchbierg statt, den groussen centenaires camp vun der FNEL. All d'Scoutsgruppen aus dem Land sinn agelueden fier dohinn ze kommen a mier natierlech och. Dofier encouragéiren mier ierch fier ierch elo unzemellen opp http://www.cbdm.lu/camp-100-joer-enel-2014 .

Den Paul, d'Lena, d'Melinda an ech (Alex) an all déi aaner Scouten an hier Cheffen sinn natierlech och dobai fier eis Faarwen ze représenteiren.

Fier nach weider Infoen, einfach opp http://www.fnel.lu luussen goen oder un eis schreiwen.

Bis en Freiden

Aer Cheffen