Pow-Wow
Post date: 06.06.2017 08:46:02
Veni Vidi Wisel
All Weeër féieren op Mamer ...
Intro Text
Léiw Beaver a Wëllefcher vun den Holzemer Schléken, mir si vum ieweschte Réimeschen Senat op de PowWow zu Mamer invitéiert ginn.
Zesumme mat eis, wëllen d’Réimer vu Mamer hier neitsten technesch Entwécklung feieren. Si hunn et fäerdeg bruecht e Sträitwon ze bauen, deen et erméiglecht a manner wéi 2 Wochen vu Mamer op Roum ze fueren.
Fir dat ze feieren hu si keng Käschten a keng Méi gescheit, si hunn déi séissten Drauwen, déi beschten Oliven, dat knusprechst Broud an déi beschten Nuddelen fir iech op Mamer transportéiert an wëllen iech déi do zervéieren.
Wéini:
9. Juli 2017
Fakten
· Präis: 0€
· Material
o Uniform? (Foulard)
o Dem Wieder ugepasste Kleeder
o Bidon
o Pick-Nick
· Verkleedung : Gruppeverkleedung
Den Delai ass den 13. Juni, mer wieren frou wann der deen all anhaalen keint, fier dei dei net kommen kennen wieren mer frou wann der ierch oofmellen geingt,