Réunion répétition fête 18/1/2014

Post date: 17.01.2014 14:53:03

Léif Dänzer,

En Samsten steet déi lescht Prouw am Home statt. Ab nexter Woch geet et e riwwer an den Centre Culturel zu Hollerech.

Et ass immenz wichteg dass jidereen en Samsten do ass well mier déi lescht Ideen an Modificatiounen am Danz anbauen. Dofier verlaangen mier 100% Präsenz, an deen, deen en Samsten net do kann sinn, kann dann leider net matmaachen.

Sieft w.e.g. all fier 14h00 am Home an brengt (fier déi di se schon hunn) aer gréng Kleeder an enger Tuut mat!

Fier d'next woch plangen mier nach eng Prouw vun +/- 1 Stonn en freiden den Metten, an eng Generaalprouw en Samsten den Moien. Méi detailer kommen nach no.

Mier sinn stolz opp ierch an mier sinn secher dass dier eisen Publikum den 25ten impressionéiert!

Bis dann

Aer Cheffen