Nationalfeierdaag 2018, Freides 22. Juni

Léif Elteren, léif Scouten, léif Wëllef, léif Alleguer

Och dëst Joer participéieren mir mat grousser Freed um Virowend vun Nationalfeierdag!

Eis Wëllefcher an Scouten participéieren natierlech um Fakelzuch (hei den Plang an hei den offiziellen Programm).

RDV fir déi di mat gin: 20h00 bei eisem Stand, um Eck avenue de la Porte-Neuve an der rue Beaumont. Mir bieden ierch pünktlech ze sin! ALL Kand muss Tiptop Uniform unhun (Hiem, Foulard)!

Ab 19h00 brennt den Grill an fléissen d‘Zapanlagen op héichtouren (et gëtt natierlech och soss Sachen ze drenken 😉). Dann kritt dir bis spéit an d’Nuecht op eisem Stand an der Avenue de la Porte Neuve (virum Alima) alles géint den Honger an den Duuscht. Fir Musik an gudd Stëmmung gëtt och gesuergt. Fir méi Détailer, an Updates kennt dir gäeren op d’Facebook-Event kuken goen: https://www.facebook.com/events/2088786114483398/?ti=icl

Mir brauchen Hëllef fier ze Grillen an Gedrénks ze verkaafen! Dier kënnt Iech gaeren umellen fier 2 Stonnen (oder méi) hei. Schreift dofier einfach aeren Numm an Handysnummer an den gielen Beraich vun aerem Choix. Villmools merci!

Fir d’Rechter (däer mir hoffentlech net ze vill wärten hunn) ze verschaffen, invitéieren mir Ierch all häerzlech op eng grouss Rechter-Friess Sonndes den 24. Juni ab 12 Auer an eisem Home!

Mir freeën eis op Iech!