Grouss CBDM Scoutsfête 28.1.2017

Post date: 29.01.2017 13:41:24

Rapport

Den Owend war alt erem eis Scoutsfête! Wien et verpasst huet ass selwer Schold...

Hei wat dozougeheiert :

- d'Actioun : de legendäre Wëllefcherdanz absolut am Rythmus, Scouts-scetcher dei et drop hun, Explorer&Cheffen-theater vum Feinsten, de Flüsterkasten deen direkt dei eischt Minutt dru war, de Sound&Light an dest Joër esou guer erem d'Moof's Clique!

- de grandiose Publikum vu gaaaanz Jonken bis de gaaaanz Aalen (ne seriö, wierklech elo : total multi-générationnel!)

- de Catering : d'Bouchée à la Reine dei natierlech net no Zaitplang giess gouf - de Kuch an d'Taarten vun den Elteren (decke Merci, well mir färten all Joër dat et net duer geet..), d'Geseffs an dat totalt agespielten Team vum Comité!

- de Kader : dei legendär Plättecher um Buedem an dei grouss rout an aal Ridoen firun de Fënster, d‘Kraftnappen dei no der eischter sabbeleger Limonade ausgesin wei owes spéit, gaaanz spéit, d'Still dei den Toun ugin...

- d'Acoustic: also naischt fir e rouhegen Owend ze verbrengen, ausser et huet een en Hörapparat fir auszeschalten. Am Kloertext : eng Ambiance à casser la baraque et la baraque war rammelvoll!

Awer last but not least: Frënn fir d'Liewen an nemmen Leit mat gemeinsamen Valeuren wei Respekt, gegeinsaiteg Hëllef a Solidaritéit.

Eemol Scout, ëmmer Scout!

Lénks Patt,

Anne Goeres

All d'Fotoen fann Dier hei.

Dier kennt aeren DVD hei bestellen

Objets trouvés: