Summercamp 2018

f

D’CBDM op der Sich no mauven Bieren mat brongen Tëppelcher (Part II)

Léif Scouten, Guiden an Explorer,

No enger méi genauer Investigatioun ass den Cheffen opgefall dass eis mauv Bieren mat brongen Tëppelcher migréiert sinn an sech elo no vum der Campingsplaz Adamswell am Süden vun England befannen. Mir hunn dowéinst eis Destinatioun vum Summercamp geännert an ginn hinnen elo no.

Richteg Erklärung: well sech net genuch Scouten fir den Camp ugemellt hunn fir den gesamt Präis pro Scout ze héich gewiescht. Eis nei Destinatioun an England ass méi no an och méi bëlleg, sou ass et nach ëmmer meigelesch en Camp mat manner Scouten ze hunn.

Wou ?

Adamswell Scout Campsite

Broom Lane

Langton Green

Tunbridge Wells

Kent

TN3 9JL

Départ:

Den Départ ass Méindes den 16. Juli 2018 um 07:30 Auer virun eisem Home zu Märel.

Den groussen Rucksack muss dir schon Sonndes den 15. Juli 2017 zwechend 16:00 – 18:00 Auer an eisen Home zu Märel brengen! Dann kennen mir schon packen an prépareieren.

!!WICHTEG!!: jiddereen muss seng carte d’identite mat op den Départ brengen. Ouni Carte d’Identité kennen mir keen mat an England huelen!

Denkt drun en klengen Picnic fir d’Busrees mat ze brengen.

Retour:

Mir kommen den 28. Juli 2018 um 21h00 bei eis am Home rem un.

Umeldung

Den zweeten Acompte wier dann 200€ pro Scout

Op den Compte vun den CBDM :

BGLL BNP Paribas IBAN LU85 0030 7513 8961 000

Präis :

Den Präis fir den ganzen Summercamp ass 700 Euro.

Bis den 6. Juli muss all Participant eng Somme vun 300€ op den Compte vun den CBDM iwerweisen: BGL BNP Paribas, BGLLLULL IBAN LU85 0030 7513 8961 0000

mat der Mention: “[Numm vum Kand] dernier Virement Summercamp”

Dokumenter:

Schéckt eis w.e.g bis den 6. Juli folgend Dokumenter:

- Fiche Médical (am annexe)

- Autorisation Parentale vun derGemeng op den Jérome Schneider

- Copie vun der Carte de Vaccination

- Copie vun der Carte d’Identité

Dëst op folgend Adress:

Sam Schmit

35, rue de la Montagne

L-2162 Luxembourg

Carte d’Identité AN d’Carte de sécurite sociale mat ob den Départ mat huelen fir den Summercamp.

Infoe :

D'Chefs de Camp sinn dëst Joer den Jerome Schneider an den Sam Schmitt

Fir soss nach Froen kënnt dier iech iwwert summercamp@cbdm.lu bei eis mellen.

Cheffen dei matgin:

Jerome Schneider

Sam Schmitt

Charles Kremer

Nicolas Georges

Eric Schmitz

Julien Loesch

Nicolas Bourkel

Ruben Wiltgen Georgi

Waat mussen mir alles anpaacken:

Schloofsaack

Carrymatt

Gamelle (komplett, mat Numm, am beschten an engem Gamelleskuerf)

mindestens 3 Kichendicher

gefelltenen Bidon (1L)

!!! Picnic vir am Bus !!!

Biergschong (Ersatzstréckelen)

deck Stremp

Biodégradabel Seef an Shampooing

Biodégradabelen Rei in der Tube

Wäschsaachen

Maillot / Schwammbox

Sonnencrème (min 30)

Sonnenbrëll

Sonnenhut / Kap

Antimousticken-spray

Täscheluucht (mat rechange Batterien)

Täschenmesser

Kleeder fir warmt awer och naast a kaalt Wieder (15 Deeg)

Ennerwäsch

Pyjama

Tiptop Uniform mat Foulard

Gruppen Pullover

K-Way + Box

Scoutsbichelchen

Bic a Block

Kompass

Täschengeld an £

Wasserpistoul

Schreift w.e.g op alles en Numm, sou dass alles sein Besetzer zreck fënnt.

Mir freen eis mat ganzem Häerz op äer Participatioun !

Lénks Patt

Äer Cheffenequipe

CBDM – FNEL Scouten a Guiden Merl, Februar 2018 Campeuses Bronzées – Diables Mauves (CB-DM) - 38A rue des Celtes - L-1318 Luxembourg-Merl